Informatik
169 languages
- Afrikaans
- Alemannisch
- aragonés
- armãneashti
- azərbaycanca
- Bahasa Indonesia
- Bahasa Melayu
- Betawi
- Bikol Central
- Boarisch
- bosanski
- brezhoneg
- català
- čeština
- corsu
- Cymraeg
- dansk
- Deutsch
- eesti
- emiliàn e rumagnòl
- English
- español
- Esperanto
- estremeñu
- euskara
- føroyskt
- français
- Frysk
- furlan
- Gaeilge
- Gaelg
- galego
- hrvatski
- Ido
- interlingua
- Interlingue
- isiZulu
- íslenska
- italiano
- Jaku Iban
- kaszëbsczi
- Kiswahili
- Kreyòl ayisyen
- kriyòl gwiyannen
- kurdî
- la .lojban.
- Ladino
- latgaļu
- Latina
- latviešu
- lietuvių
- Ligure
- lombard
- magyar
- Malagasy
- Minangkabau
- Mirandés
- Napulitano
- Nederlands
- Nedersaksies
- Nordfriisk
- norsk bokmål
- norsk nynorsk
- Nouormand
- Novial
- occitan
- oʻzbekcha / ўзбекча
- Oromoo
- Picard
- Piemontèis
- Plattdüütsch
- polski
- português
- Qaraqalpaqsha
- română
- Runa Simi
- sardu
- Scots
- Seeltersk
- shqip
- sicilianu
- Simple English
- slovenčina
- slovenščina
- srpskohrvatski / српскохрватски
- Sunda
- suomi
- svenska
- Taclḥit
- Tagalog
- Taqbaylit
- tetun
- Tiếng Việt
- Tok Pisin
- Türkçe
- vèneto
- võro
- walon
- Winaray
- Wolof
- Yerwa Kanuri
- Yorùbá
- Zazaki
- Zeêuws
- žemaitėška
- Ελληνικά
- башҡортса
- беларуская
- беларуская (тарашкевіца)
- български
- коми
- қазақша
- македонски
- мокшень
- монгол
- олык марий
- русиньскый
- русский
- саха тыла
- српски / srpski
- татарча / tatarça
- тоҷикӣ
- українська
- მარგალური
- ქართული
- հայերեն
- עברית
- ئۇيغۇرچە / Uyghurche
- اردو
- الدارجة
- العربية
- تۆرکجه
- سنڌي
- فارسی
- کٲشُر
- کوردی
- مصرى
- ትግርኛ
- አማርኛ
- नेपाल भाषा
- नेपाली
- पालि
- भोजपुरी
- मगही
- संस्कृतम्
- हिन्दी
- অসমীয়া
- বাংলা
- ଓଡ଼ିଆ
- தமிழ்
- తెలుగు
- ಕನ್ನಡ
- മലയാളം
- සිංහල
- ꯃꯤꯇꯩ ꯂꯣꯟ
- ไทย
- တႆး
- ဘာသာမန်
- မြန်မာဘာသာ
- ရခိုင်
- ភាសាខ្មែរ
- ᐃᓄᒃᑎᑐᑦ / inuktitut
- 한국어
- 中文
- 吴语
- 客家語 / Hak-kâ-ngî
- 日本語
- 粵語
- 閩南語 / Bân-lâm-gí
From WikiRecord, the encyclopedia of everything · from the Luxembourgish Wikipedia
| Dësen Informatiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |

D'Informatik (engl.: computer science) ass eng Ingenieurswëssenschaft, déi sech mat der systematescher an automatescher Veraarbechtung, Duerstellung, Späicherung an Iwwerdroung vun Informatioun, besonnesch mat Hëllef vu Computeren, befaasst.
Se huet sech ënner anerem aus der Mathematik an der Elektrotechnik entwéckelt a gëtt zanter den 1960er Joren als selbststänneg Wëssenschaft ugesinn. Well an alle Richtunge vun der Wëssenschaft d'Duerstellung, Interpretatioun, Veraarbechtung an d'Produktioun vun Informatioun eng zentral Roll spillt, déngt d'Informatik als universell Hëllefswëssenschaft.
Deeldisziplinnen an der Informatik
Traditionell deelt d'Informatik sech a follgend Beräicher op:
Theoreetesch Informatik
D'Theoreetesch Informatik beschäftegt sech mat der Abstraktioun an der Konstruktioun vu Modeller an Zesummenhang mat Problemer, déi an iergendenger Weis mat Computeren ze dinn hunn. Si ass d'mathematesch Basis vun der Informatik an domat och déi eelst Deeldisziplin. Si ënnerdeelt sech ënner anerem an:
Praktesch Informatik
D'Praktesch Informatik befaasst sech mat de Softwaregrondlage vun der Informatik. Si gëtt dacks als de Kär vun der Informatik ugesinn, obwuel et am amerikanesche Sproochgebrauch kee richtegen Numm fir se gëtt. Zu hir zielen zum Beispill:
Technesch Informatik
D'Technesch Informatik befaasst sech mat den Hardwaregrondlage vun der Informatik. Hir Wuerzele leien an der Elektrotechnik an an der Logik. De Mëttelpunkt vun der Technescher Informatik läit awer virun allem an der Kombinatioun vun den eenzele Bauelementer, soudatt se funktiounsfäeg Computeren erginn. Zu hir ginn ënner anerem gezielt:
Applizéiert Informatik
D'applizéiert Informatik beschäftegt sech mat den Uwennungsméiglechkeete vu Computeren an allen anere Beräicher vun der Wëssenschaft.
Entwécklung an der Informatik
- 1931: De Kurt Gödel widderleet mat sengem Onvollstännegkeetssaz d'Hilbert-Entscheedungsproblem, datt all mathematesch Aussoe mat wouer oder falsch z'entscheede sinn.
- 1936: Den Alan Turing definéiert d'Turingmaschinn, en einfache mathematesche Modell vun engem Rechenautomat.
- 1941: De Konrad Zuse baut Z3, den éischte wierklech funktiounsfäegen a fräi programméierbare Computer.
- 1945: Den John von Neumann stellt seng Von-Neumann-Architektur vir, e Modell vun engem universelle Computer mat enger eenzeger Späicherstruktur, déi d'Instruktiounen an Donnéeë späichert.
- 1956: Den Noam Chomsky (Linguist) entwéckelt d'Chomsky-Hierarchie, eng Andeelung vu Grammairen an Typpen, déi an der Theoreetescher Informatik vun zentraler Bedeitung ass.
Pionéier an der Informatik
- Alonzo Church (1903-1995)
- Edsger W. Dijkstra (1930-2002)
- Kurt Gödel (1906-1978)
- Stephen Kleene (1909-1994)
- Donald E. Knuth (1938-)
- Alan Turing (1912-1954)
- John von Neumann (1903-1957)
- Konrad Zuse (1910-1995)
Referenzen
- Peter Rechenberg: Was ist Informatik? Carl Hanser Verlag, 2000.
- Hans Breuer: dtv-Atlas zur Informatik. Deutscher Taschenbuch Verlag, 1995.
- Gesellschaft für Informatik e. V. (GI)
Um Spaweck
| Commons: Informatik – Biller, Videoen an Audiodateien |